Advertisement
Not a member of Pastebin yet?
Sign Up,
it unlocks many cool features!
- "Léif Cerclen an Däitschland,
- wéi der sécher all wësst, ass mat der Aféierung vum neien "
- Rundfunkbeitragsstaatsvertrag" eng weider finanziell Belaaschtung vun de Studenten an Däitschland entstanen. Ab 01. Januar muss nämlech all "Haushalt" (onoofhängeg dovunner, wéi vill Leit an enger Wunneng liewen) pro Mount 17,98€ un déi "nei" GEZ blechen.
- Dovunner mol ofgesinn, datt hei duerchaus d'Privatssphär verletzt gëtt an och weider Bedenken zu der Héicht vun de Gebühren ustinn, ginn et och Ausnameregelungen fir bestëmmte Gruppen, dorënner och Studenten. Dës wenne sech u Studenten, déi net bei hiren Elteren wunnen a BAFöG kréien.
- D'ACEL hat an deem Sënn Kontakt mam SWR (Südwestrundfunk) opgeholl fir sech z'informéiern, wéi et ëm auslännesch Studenten bestallt ass, déi zwar keen däitsche BAFöG mee dofir awer eng Hëllef vun hirem Staat kréien. Doropshi krute mir als Äntwert, datt just den däitsche BAFöG-Bescheid bei hinne géing zielen, och wa si duerchaus Kenntniss vun der lëtzebuergescher AideFi haten.
- No Interventioun vum CEDIES an opgrond vun Informatiounen vun anere lëtzebuergesche Studenten an Däitschland kënne mer iech matdeelen:
- Dir kënnt iech befreie loossen
- An zwar folgendermoossen:
- froot iech beim CEDIES eng Bescheinegung un, datt dir AidFi kritt
- froot an Däitschland BAFöG un, dëse wärt oofgelehnt ginn, well dir schonns finanziell Ënnerstëtzung kritt
- de Negativ-Bescheid vum BAFöG zesumme mam Antrag auf Befreiung (https://www.rundfunkbeitrag.de/anmelden_und_aendern/antrag_auf_befreiung/) (an eventuell enger Kopie vum CEDIES-Bescheid) schéckt dir un:
- ARD ZDF Deutschlandradio
- Beitragsservice
- 50656 Köln
- Wéi et schéngt kann een och direkt, also just mam CEDIES an ouni negative BAFöG-Bescheid, probéieren befreit ze ginn. Dëst hu mir allerdings net iwwerpréift!
- Hei nach d'Äntwert vun der däitscher Botschaft zu Lëtzebuerg:
- "Subject: Re: Rundfunkgebühren in Deutschland Lieber Herr Lenert, ich habe heute mit dem zuständigen Referenten aus der Staatskanzlei Rheinland-Pfalz, Herrn Dr. Schönborn, gesprochen. Er teilte mir mit, daß für luxemburgische Studenten - wie auch Studenten anderer Staaten, die finanzielle Untersützung ihres Heimatlandes erhalten - folgende Regelung gefunden wurde: Der luxemburgische Student / die Studentin beantragen deutsches Bafög. Sie erhalten einen Negativbescheid. Diesen Negativbescheid legen sie der GEZ bzw. deren Nachfolgebehörde vor und werden dann von den Gebühren befreit. Mit freundlichen Grüßen Kirsten Hardt Botschaft der Bundesrepublik Deutschland Luxemburg 20-22 avenue Emile Reuter L-2420 Luxemburg Tel.: 00352/45 34 45 28 Fax: 00352/45 56 04 Email: [email protected] www.luxemburg.diplo.de" An der Hoffnung iech weidergehollef ze hunn. Bei weidere Froen, zéckt net iech un eis ze wennen.
- Mat beschte Gréiss"
- - nach en interessanten Artikel zum Thema, inklusiv vu Musterbréiwer, fir Suen spéider erëm anzefuederen: http://www.akademie.de/wissen/gez-rundfunkbeitrag-vorbehalt-anzeige
- - déi offiziell HP vum "Runfunkbeitrag":
- http://www.rundfunkbeitrag.de/
Advertisement
Add Comment
Please, Sign In to add comment
Advertisement